Generalversammlung ANDAMOS! asbl

Wei all Joer war déi offiziell Generalversammlung vun der asbl ANDAMOS leschte Freideg zu Waldbëlleg. D'Sekretärin Nadine Lamesch huet eng kuerz Iwwersiicht op d'Aktivitéite vum leschte Joer ginn an den Trésorier Frank Arend huet de Keesebericht 2011 virgeluecht. Béides ass vum Comité ofgeseent ginn. De President Luc Azzeri huet Merci gesot fir déi vill Aarbecht déi am vergaangene Joer geleescht ginn ass an huet e klengen Ausbléck op dat kommend Joer presentéiert. Sekretärin, Trésorier a Präsident hunn hiert Mandat erneiert a si weiderhin an hire respektive Poste bestätegt ginn.
ANDAMOS asbl ënnerstëtzt Projeten a Latäinamerika an de Beräicher Educatioun, Gesondheet a Soziales, déi si zesumme mat hire Partner verwalten. All 2 Joer fënnt eng Prospektiounsrees statt bei der nei Projete geplangt an aler evaluéiert ginn.
Wann dir ANDAMOS asbl ennerstëtzte wëllt kënt dir dat duerch en Don op de Konto
BCEE LU80 0019 2955 3635 3000 maachen.
Fir weider Informatiounen scheckt eng email op info@andamos.lu oder besicht eise Site www.andamos.lu