Scheckiwwerreeschung zu Waldbëlleg


Am Kader vun enger klenger Feier am Januar 2011, bei der de Comité vun der Musek sou wéi de Gemengerot vu Waldbëlleg uwiesend waren, huet d’Musek vu Waldbëlleg, ANDAMOS ASBL e Scheck vu 650 Euro iwwerreecht, déi si als Quête op hirem traditionelle Chrëschtconcert am Dezember opgehuewen huet. E ganz grousse Merci un Musek an d'Gemeng fir de Patt.

ANDAMOS ASBL mat Setz zu Waldbëlleg ënnerstëtzt säit November 2008 kleng Projeten a Chile an a Bolivien.

Am Chile hëlleft ANDAMOS ASBL engem Projet vum Diane Catani, enger jonker Fra vu Jonglënster, déi mat hirer Famill an de Chile ausgewandert ass a säit e puer Méint de Projet Teatrobus an engem Armevéierel vu Santiago de Chile leet. Teatrobus well mat enger Offer vu gratis Danz- an Theaterworkshops sozial a kulturell benodeelegt Kanner a Jugendlech vun der Strooss huelen a versiche mat theaterpädagogeschen Aktivitéiten eng sënnvoll Fräizäitbeschäftegung ze bidden di si vun Drogen a Gewalt ewech halen.
Do dernieft huet ANDAMOS ASBL e Projet vun der Fundacion Cristo Vive Chile ënnerstëtzt, déi den Äerdbiewenaffer vum 27. Februar 2010 hëlleft e neit Doheem opzeriichten.

A Bolivien ass de Partner op der Platz, d’Fundacion Cristo Vive Bolivia mat hirer Presidentin, der Schwëster Karoline Mayer, enger däitscher Uerdensschwëster, déi säit bal 40 Joer am Chile, Bolivien a säit e puer Joer am Peru täteg ass. Iwwert Joere sinn iwwert d’Fundacion Cristo Vive Bolivia zu Bella Vista, engem klengen Duerf no bei Cochabamba, der drëttgréisste Stad aus Bolivien eng Spillschoul, e Kulturzenter, eng Handwierkerschoul an en Internat entstan. ANDAMOS ASBL ënnerstëtzt säit hirer Grënnung dës Institutiounen. An der Handwierkerschoul gëtt d’Schoulbibliothéik regelméisseg mat pädagogescher a fachlecher Literatur opgefrëscht. Am Kulturzenter gëtt en Cours fir Mammen ugebuede wou de Schwéierpunkt op Analphabetismus a Kannererzéiung läit.

Di Jugendlech aus dem Internat, di duerch dës Wunnméiglechkeet eng Ausbildung maache kennen an domat méi eng grouss Chance op eng geséchert Zukunft hunn, ginn duerch e monatleche Parrainage ënnerstëtzt. Do dernieft bezilt ANDAMOS ASBL e Stipendium fir 2 Fraen di op der Uni zu Cochabamba studéiere souwéi ënnerhalen si e Gesondheetsfong, aus dem eng pensionéiert kanadesch Infirmiere mannerbemëttelte Leit aus dem Duerf gratis Medikamenter a Consultatioune méiglech mëscht.
Wann dir ANDAMOS ASBL ënnerstëtze wëllt, kënnt dir dat maache mat engem Don op de Konto BCEE LU80 0019 2955 3635 3000

Wëllt dir iech als Pätter oder Giedel engagéieren, an 20 Euro de Mount fir ee Schüler bezuelen, kënnt dir dat iwwert en Ordre Permanent op dee selwechte Kont maache mam Vermierk „Parrainage“.

Villmools Merci fir är Ënnerstëtzung.

Luc Azzeri, President vun ANDAMOS ASBL.
www.andamos.lu