Ettelbréck: Kannertheater: D'Wawuschele mat de gréngen Hoer


Ettelbrécker Guiden spillen "D’Wawuschele mat de gréngen Hoer"
fräi nom Irina Korschunow


Wie wunnt an engem Bierg, ass ganz kleng an huet gréng Hoer déi am Däischtere liichten? Natierlech d’Wawuschelen. Si iesse fir hiert Liewe gär Dännenzappegebeess, mee hir Kachmaschinn ass futti an dofir si si lo a grousser Nout. Kënnt nëmmen een aus der Famill richteg liesen, da wier der Bomi hiert Zauberbuch hinne vläicht eng Hëllef. Loosst iech iwwerraschen. Eng spannend Geschicht fir Grouss a Kleng. Och dëst Joer spillen d’Ettelbrécker Guiden nees Kannertheater. Ronn 40 Kanner a Jugendlech tëschent 9 a 17 Joer stinn op der Bühn an nach eng Kéier grad esou vill Leit sinn hannert der Bühn am Asaz.


Fir Kanner vu 4 Joer un.
Reservatiounen:
Tel. 81 82 73 vum 19. Oktober un, all Dag vun 9h - 11h, ausser Sonndes an Allerhellgen