Generalversammlung

D‘Philharmonie Grand-Ducale et Municipale vun Ettelbréck hat viru kuerzem an de CAPE op hier 172 Generalversammlung invitéiert.

De Präsident Jos Weber ass no der Begréissung op Thematik vun der Jugendmusek agaange, wou trotz der gudder Zesummenaarbecht mam Conservatoire d‘Zuel vun de Jonken an der Jugendmusek ofhëllt. An engems huet de President der Gemeng Merci gesot fir déi gutt Ënnerstëtzung.

Fir seng Verdéngschter am Veräin huet de Fränz Flies, grad esou wéi, no hirer Demissioun am Comité, d' Marianne Staudt, 'Dorianne Fortes an den Yves Kalmes ee klenge Cadeau iwwerreecht kritt.

De Carlo Zwank huet a senger Funktioun als Sekretär a sengem Rapport gesot dat Musek am Joer 2023 - 2024 10 Sortien an 8 Concerten haten. Fir d'Saison 2024 -2025 sinn 12 Concerten an 11 Sortiën geplangt, dorënner ee Concert zu Wien.

Eis Caissière Kinnen Karin huet de Bilan presentéiert, dee, well mir nei Instrumenter kaaft hunn an och Reparaturen un den Instrumenter haten, negativ ausgefall ass.

De Marc Heutz als Caisserevisor huet de Keeserapport bestätegt, den och vun der Fiduciaire ugeholl ginn ass. D'Nathalie Lehners an de Marc Heutz sinn an hirem Amt nei gewielt ginn.

Den Här Kinnen Jean Paul vun der UGDA huet Medailen un eis Memberen iwwerreecht: Lina Nesen an Lucien Renckens fir 10 Joer, Cédric Simon fir 20 Joer, Jos Weber fir 30 Joer, Yves Kalmes an Armand Stracks fir 50 Joer UGDA, iwerdems den Här Buergermeeschter Bob Steichen Diplomer vun der Gemeng un folgend Memberen iwwerreecht huet: Charel Ley an Lucien Renckens fir 10 Joer, Jos Weber fir 30 Joer, Yves Kalmes fir 50 Joer an Aloyse Knoch fir 60 Joer Ettelbrécker Musek.

An senger Usproch huet den Här Buergermeeschter och iwwert Jugendmusek geschwat, an et bedauert, dat sech d'Jugend haut net méi souvill fir Musek interesséiert. De Bob Steichen huet och betount, dat et wichteg ass, dat d'Musek bei alle Manifestatiounen present ass, well soss eppes géing feelen.

Den Éierepresident Erny Breuskin huet a sengem Réckbléck un eise kierzlech verstuerwenen fréieren Dirigent Albert Genen geduecht.

Wärend dem Iessen hu mir eis nach Fotoe vum läschte Concert ugekuckt, an eis bis spéit an Nuecht gutt ënnerhal.