Prouf vun Der Ettelbrécker Musek

Den 20 Juni huet d'Ettelbrécker Musek spontan eng Prouf gehalen virum Conservatoire zu Ettelbréck. Sou haten d'Leit, déi ennerwee fir op d'Braderie waren, d'Gelegenheet een kuerzen, flotten Moment hei ze erliewen an live ze gesin wéivill Freed och d'Museker haten zesummen ze spillen. Leider konnt och hei net di ganz Musek vertruede sin wéint der aktueller Situatioun. Ofgeschloss gouf des Prouf dann mat onserer Heemecht zu Eiren vum Grand-Duc Henri vue dat d'Festivitéiten fir Nationalfeierdag dest Joër net stattfannen wärten.
Merci den Responsablen vun der Ettelbrécker Gemeng dat si eis Initiativ fir eng spontan Prouf, enner fräiem Himmel ze haalen, begréisst hun.

(Fotoen: Sandra Schneiders)