Zesumme Musizéieren

Nodeems d'Ettelbrécker Jugendmusek eng Paus huet misse maache well net méi genuch jonk Museker nokomm sinn huet de President Jos Weber d'Museksveräiner aus der Nordstad ugeschriwwe fir e gemeinsame Projet op d'Been ze stellen. 5 Museken, d'Dikricher, d'Ettelbrécker, d'Feelener, d'Ierpeldenger an d'Schierener, zesumme mam Conservatoire du Nord, hunn sech doropshin zesummegedoen an e Stage fir jonk Museker zu Schieren organiséiert. Ofschléissend gouf et ënnert der Direktioun vun deene 5 Dirigente Bob Minette, Rainer Serwe, Sandy de Marie, Jeff Schiltz a Sally Nickels e gemeinsame Concert zu Ettelbréck am CAPE, am Kader vun der Fête de la Musique. Et war e groussen Erfolleg a mir soen dem CAPE ënnert dem Direkter Carl Adalsteinsson e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung.

Den Erfolleg huet eis Recht ginn. Am Oktober kënne mir zu Ettelbréck erëm mat enger Jugendmusek ufänken.

Sinn Är Kanner interesséiert fir an enger Jugendmusek matzespillen? Da mellt Iech bei Ärem lokale Museksveräin.