Dafverspriechenserneierung an Albinusfeier 2017

Lëschte Sonnden war zu Fëschbech nees eng méi lass. An der Sonndesmass hunn déi 14 Kommiounskanner hiert Dafverspriechen erneiert a mat hirem Gesang derzou bäigedroen dass et eng ganz flott Feier ginn ass. Och den Hl. Albinus as gefeiert ginn an no der Mass huet de Paschtouer d'Trakteren, d'Päerd an d'Pompjeesgefierer geseent. De Gesang huet all Gefier e Porte-Clé mam Hl. Albinus geschenkt an zum Ofschloss hunn sech d'Leit all an der "Kéilchen" fir den Apéro getraff.