Kannerfuesbal op der Héicht

Ewéi all Joer hunn d'Pompjeeën aus der Gemeng Fëschbech op hiren Kannerfuesbal invitéiert. Eis Clownen de Pol an de Georges hunn zesummen mam Anne a Lis déi kleng Fuesboken ameséiert. D'Fotoen schwätzen fir sech, et war nees e gelongene Bal fir déi Kleng.