Super Coupe Véirelsfinale zu Miersch!

En Densten den Owend hunn sech d´Poussins vum FCK Wormer an vum FC Marisca Miersch zu Miersch um Terrain getraff vir sech uneneen ze moossen. Nom Upaff hunn di Wormer direkt Gas ginn, mä et huet een schnell gemierkt dass si net gewinnt waren op engem syntheteschen Terrain ze spillen. Och wann de Gros vun den Aktiounen sech virum Mierscher Goal ofgespillt hunn, sinn hier Passen net do ukomm wou se sollten. 6 Goalchancen haten Si an der éischter Halschent, mä leider all ouni Erfolleg wougéint déi Mierscher 3 Chancen haten vun deenen eng erangaang ass. D´Resultat no der éischter Halschent war 1:0, wat net onbedéngt dem Kënnen vun deenen 2 Equipen Rechnung gedroen huet.

Déi zweet Halschent ass dunn e bëssi méi hektesch ginn. Déi Wormer waren sichtlech op Plaatz gesat ginn an der Paus, an hunn vill méi gekämpft. Trotzdem hun dei Mierscher no 5 Minuten den 2:0 geschoss. Trotzdem sollt den Kampfgeescht vun den Wormer belount ginn mam 2:1 an der 17. Minutt vum Ivo Silva. Elo huet d´Stëmmung gebroodelt zu Miersch. Vill Wormer Supporter waren mat ugereest vir hier Bouwen ze ënnerstëtzen an hunn elo tatkräfteg matgejaut, wat déi Mierscher dozou motivéiert huet vir och hier Equipe unzefeieren. Um an nieft dem Terrain huet et vun Spannung nëmmen sou geknistert. An der 22. Minutt sollt et dun nach een Goal ginn vir déi Wormer. All Mënsch wosst dass et mat deem Resultat een Eelefmeterschéissen géif ginn. Béid Equipen hunn nach eemol alles ginn vir et net sou weit kommen ze loossen ouni awer onfair ze spillen, mä no deenen regulären 60 Minutten stoung et nach ëmmer 2:2.

No 5 Minutten Paus war et dunn un deenen Wormer vir den éischten Eelefmeter ze schéissen deen den Ivo Silva och souverän erangesaat huet. Den Mierscher hiren Shooter sollt awer um Goalkeeper Eric Beckius scheiteren. Wormer huet schonn gehofft, mä den Mattis Noel huet säin leider derlaanscht gesat, sou dass erëm alles opstoung. Déi Mierscher schéissen hiren zweeten eran, an all d´Blécker waren dunn op den Eric Weisgerber geriicht. Och hien war dem Drock gewuess an huet séin Schoss zum Goal verwandelt. Elo louchen all d´Hoffnungen um Goalkeeper vun Wormer. Den Mierscher setzt un zum Schoss, mä kennt net laanscht den Eric Beckius an den Jubel war enorm. Spiller an Supporter sinn iwwert den Terrain gestiermt an sinn sech an d´Äerm gefall. Eng wonnerbar an och verdéngten Victoire vir d´Wormer Poussins an e groussen Merci un dat fairt Spill vun deenen Mierscher Poussins.

Wormer freet sech elo op d´Halleffinal den 15. Juni.