D'Garnecher Musek spillt Theater "Wat der Owend méi spéit"

D'Garnecher Musek spillt Theater "Wat der Owend méi spéit"

ganz fräi an d'Lëtzebuergescht iwwerdroe vum Guy Geimer nom Original "Eine unvergessliche Nacht" vum Walter G. Pfaus

Resumé vum Koméidisstéck an 3 Deeler :

Zanter d'Véronique de Pol verlooss huet, ass hien net méi dee selwechten. Dobäi huet hien eréischt knapps 40 Joer. An dach féiert hien een driibsegt Jonggeselle Liewen. Awer dat soll elo anescht ginn. Hien huet nämlech seng nei Nopesch, d'Lynn kennegeléiert an huet hatt bei sech Heem invitéiert !

Mee just ausgerechent deen Owend, steet ob eemol seng Tatta mat Sak a Pak virun der Dier a wëllt direkt bei him anzéien.

Een Taxichauffer deen ni bezuelt gëtt, säi Kolleg de Serge a virun allem seng Exfrëndin, an ëmmer nach grouss Léift Véronique, mussen och nach dësen Owend opdauchen. Een Owend wou näischt esou leeft wéi hie sech et virgestallt hat. E speziellt "Gedrénks" a säi Monni deen op der Sich no enger sëcherer Plaz fir seng Rendez-Vous'en ass, maachen dat den Owend net besser gëtt.

Jee, een Owend wou de Pol vun enger penibeler Situatioun an déi aner kënnt.


Et spillen :
Pol, Jonggesell : Yves Dondlinger
Lynn, déi Fra op déi hie waart : Lis Thomas
Henriette, seng Tatta, eng streng almoudesch Joffer : Margot Thein-Jemming
Véronique, déi Fra déi hie gär huet : Sandy Schlechter-Bix
Georges, säi Monni, e richtege Casanova : Alain Gaasch
Jean, Taxichauffer : Nico Heirens
Serge, säi Kolleg : Claude Arend
Mireille, Frëndin vum Monni : Nadine Hansen-Reding

Pesperkëscht : Gilbert Thill
Technik : Tom Mangen
Regie-Assistenz : Anita Heirens-Wilwert
Regie : Pierre Alzin

Virstellungen :
Freides de 16. Dezember 2011 um 20:00 Auer
Samschdes de 17. Dezember 2011 um 20:00 Auer
Sonndes den 18. Dezember 2011 um 17:00 Auer

Et gëtt gespillt am Veräinshaus zu Garnech (6, rue des Sacrifiés)

Reservatioun : Famill Thill (Tel : 380217)