Generalversammlung a Veräinsiessen Pompiers-Fanfare Garnech

A Präsenz vu 54 Memberen ass de Sonnden 16. Januar 2011 d'Generalversammlung vun der "Pompiers-Fanfare Garnech" ofgehale ginn. De Präsident Nico Heirens huet d'Reunioun opgemeet an senge Memberen Merci gesot fir den onermittlechen Asaz fir de Veräin. Well just 1 interesséiert war fir an de Comité bäizekommen, ass den Tom Mangen häerzlech wëllkomm geheescht ginn. No dem Aktivitéitsbericht vun der Sekretärin Chantal Alzin huet de Keessier Georges Thinnes de Finanzbericht vun 2010 presentéiert. De Mario Schmitz, Keesserevisor, huet eng exemplaresch Comptabilitéit konfirméiert. De Mario Schmitz ass a sengem Poste konfirméiert ginn genau sou wéi den Armand Thomas, dee vu lo un de Claude Ries als Keesserevisor ersetzt. Nom Aktivitéitsbericht vum Kommandant vun de Pompjeeën, Yves Dondlinger, huet den Dirigent John Schneider seng Musikante Merci gesot. De Buergermeeschter Henri Franck huet d'Wuert uschléissend ergraff an der Musek felicitéiert ass et dach d'Musek déi d'Gemeng no baussen am beschte vertrëtt. Well de Garnecher Pompjeescorps sech opgeléist huet fir mam Corps vu Koler ze fusionéieren, kommen nach puer Changementer op de Veräin duer am Laf vum Joer.

No der Generalversammlung huet de Comité op den Aperitif invitéiert mat uschléissend dem traditionelle Veräinsiessen. Am Laf vum Nomëtten si verschidden Auszeechnungen iwwerreecht ginn : d'Musikante mat de meeschte Prouwe goufe geéiert : Serge Massard, Aloyse Arend, Gilbert Thill an Nico Heirens. Uschléissend goufen d'UGDA Medaillen vum Generaltrésorier Aloyse Massard iwwerreecht. Den Insigne kruten : Annemarie Arend, Laurence Cleenewerk, Anne-Catherine De La Hamette, Caroline Erpelding, Jessica Erpelding, Anouk Godelet, Lynn Jemming, Michel Klomp, Marthe Millen, Max Millen, Pol Moes, Mélissa Scheidel, Sarah Scheidel, Yannick Thein, Yannick Thill. D'Médaille de mérite en bronze kruten : Anne-Cathérine Fohl, Jean-Louis Fohl, Rick Kayl, Pol Koeune, Laure Mangen, Isabelle Mattern, Diane Meckel, Max Ries, Isabelle Scholtes, Lis Thomas. D'Médaille de mérite en argent krut de Laurent Peters an d'Médaille de mérite en vermeil avec palmettes den Nico Heirens. Da goufen nach Croix de mérite en argent un den Aloyse AREND, Jeannot Mangen, John Schneider a Georges Thinnes iwwerreecht. Den Yves Dondlinger krut fir seng Verdéngschter als Kommandant vun de Garnecher Pompjeeën e Kaddo iwwerreecht.

Uschléissend sinn déi beschte Fotoen vun den 2010 Aktivitéite gewise ginn an dono goufe puer Sketcher vum Lis Thomas, Tom Mangen a Charel Turpel presentéiert.
A lëschteger Gesellschaft ass den Owend ausgeklongen.

Hei den aktuelle Comité vun der Pompiers-Fanfare Garnech : Nico Heirens, Präsident; Jeannot Mangen, Vice-Päsident; Chantal Alzin, Sekretärin; Georges Thinnes, Keessier; Annemarie Arend, 2. Keessier; Aloyse Arend, Alain Gaasch, Nadine Hansen, Martine Lentz, Tom Mangen, Marc Olinger, Jeanny Rome, Sacha Urbanzick, Memberen.