Barragemätch Tricolore - Aspelt 6:0. Tricolore bleiwwt an der 2.Divisioun.

Spillbericht Barragemätch Senior 1 29.05.2012 : FC Tricolore Gasperich - FC Red Boys Aspelt 6:0 (2:0)

(zu Beetebuerg)

Score :

1:0 5' Rizvani, 2:0 35' Curioso

3:0 64' Sali, 4:0 67' Lombardini, 5:0 87' Panza, 6:0 90' (+1') Tria



Wieder : staark bedeckt, Reen, Sonn, +- 20°

Terrain : TipTop

Zuschauer : 300




Géint Uespelt huet Tricolore verdéngt mat 6:0 gewonnen an esou den 2.Divisiounsstatus erhalen.

Schon an der 5' ass Tricolore a Féierung gaangen, de Pietro Lombardini ass op lénks duerchgaangen, hien huet an d'Mëtt gepasst, an den Denis Rizvani huet de Ball aus 10m versengt. Tricolore hat déi besser Spillulag an huet et verpasst fir nozeleeën. Uespelt ass awer Mëtt vun der 1.Halschent besser opkomm, an no engem Korner huet de Sven Haag am Tricolore Goal e Ball missen op d'Lat ofwieren, bis d'Tricolore Ofwier de Ball aus der Gefahrenzone erausgeschloen huet. An der 35' huet en Uespelter Spiller ënner Drock de Ball zréck op de Keeper gespillt, den Uespelter Keeper huet de Ball am Strofraum mat der Hand gehol, an den Arbitter huet op indirekte Fräistouss entscheed. Den Antonio Curioso huet de Ball aus 5m an d'Masche geknallt. No engem Korner kuerz virun der Paus huet en Uespelter Spiller um 2.Poto just d'Aussenetz getraff.

An der 2.Halschent war d'Spill praktesch op ee Goal, Tricolore huet weider Drock gemaach, mee huet zunächst gutt Goalchancen leie gelooss fir de Score eropzeschrauwwen, de Jacques Foetz hat Riesepech wéi säi fulminante Schoss aus 25m op den Innepoto gaangen ass. An der 64' huet dunn den Erdovan Sali den Uespelter Keeper iwwerspillt an zum 3:0 eragesat. An der 67' huet de Pietro Lombardini den 4:0 geschoss. D'Uespelter Moral war gebrach, an Tricolore huet nach 2 weider Goaler duerch den Antonio Panza an de Mino Tria geschoss.

Duerch eng gutt spilleresch a kämpferesch Leeschtung ass Tricolore an der 2.Divisioun bliwwen.