Résumé Generalversammlung FC Tricolore Gasperich

De Comité vum FC Tricolore Gaasperech huet den 03 Februar 2012 d’Generalversammlung am Clubhouse ofgehal.

Virun der Versammlung huet den FC Tricolore 2 Schecken vu jeeweils 1000 € fir Ela Lëtzebuerg an Hëllef fir kriibskrank Kanner iwwerreecht.

No enger Gedenkminutt fir verstuerwen Memberen huet de President Jean-Marie Mossong déi preesent Leit am Clubhouse Wëllkomm geheescht. De President huet d’Aarbecht vun de Leit gewierdegt déi am Laf vum Joer dem Tricolore gehollef hunn. E Merci goung och un Servicer vun der Gemeng Lëtzebuerg fir hier Aarbecht déi si fir den FC Tricolore leeschten.

De Guy Braun huet dunn de Rapport d’activité vum Joer 2011 an de Rapport sportif 2010/2011 virgedroen. Verschiddenes ass do opgezielt ginn.
Am Laf vum Joer 2011 huet Tricolore u verschidde Manifestatiounen a Versammlungen deelgeholl an och den traditionellen Marche populaire duerch d’Alstad organiséiert.
Tricolore huet en neien 1.Equipstrainer, den Tun Darrosa, deen den Denis Pfeiffer ofgeléist huet. De President huet dem Denis Pfeiffer e Merci ausgespraach fir seng Aarbecht am FC Tricolore.
Ërem ass och op d’Probleematik vun der Jugend higewisse ginn, Tricolore huet just nach eng Juniorsequip. Leider besteet weiderhinn wéineg Interesse zu Gaasperech fir am Jugendberäich ze hëllefen.
D’1.Equip ass leider an der Saison 2010/2011 an 2.Divisioun ofgestigen.

De Jean-Luc Fettes huet dunn de Rapport financier virgedroen. Dobäi huet Tricolore fir d’Saison 2010/2011 e Bonus gemaach. D’Keesserevisoren, den Gérard Pundel an den Lucien Huesmann hunn dem Caissier e Luef ausgeschwat fir seng exakt Buchféierung an hunn d‘Versammlung gebieden him per Akklamatioun Decharge ze ginn.

D’Madame Jacqueline Schumacher huet sech an de Comité gemellt.

De President Jean-Marie Mossong huet dunn e Kaddo u verschidde Leit iwwerreecht fir Merci ze soen dass si dem FC Tricolore am Laf vum Joer gehollef hunn.

No der Versammlung ass et dunn nach e Patt ginn an eppes z‘Iessen.

Hei nach eng Oplëschtung vun de verschiddene Beräicher vum FC Tricolore :


Comité 2012

Eirepresident : Simon Günther, Valentiny Nico, Herr Guy
President : Mossong Jean-Marie
Secrétaire : Mossong Jean-Marie
Secrétaire technique : Braun Guy
Trésorier : Fettes Jean-Luc
Membres : Kuhlmann Sandy, Thommes Sandra, Federspiel Fernand , Gillig Florence, Fraser Jake, Schneider Joseph, Schumacher Jacqueline.

Comité Section de Marche FC Tricolore
President: Mossong Jean-Marie
Vize President: Ciufoli Ferdinand
Secrétaire: Federspiel Fernand
Caissier: Goergen Patrick
Memberen: Gillig Florence, Braun Guy, Fettes Jean-Luc, Schneider Joseph, Kuhlmann Sandy, Curioso Antonio, Beck Claude

Equipen : Senior 1, Senior 2, Dames (Entente Cebra/Tricolore), Juniors, Vétérans.