Résumé vun der Generalversammlung vum FC Tricolore Gaasperech

Assemblée générale ordinaire 2011 FC Tricolore Gasperich



Comité 2011

Eireprésident : Simon Günther, Valentiny Nico, Herr Guy
President : Mossong Jean-Marie
Secrétaire : Mossong Jean-Marie
Secrétaire tech. : Braun Guy
Trésorier : Fettes Jean-Luc
Membres : Kuhlmann Sandy
: Thommes Sandra
: Federspiel Fernand
: Gillig Florence
: Mendes Patrick
: Taletovic Adnan
: Fraser Jake
: Schneider Joseph


De Comité vum FC Tricolore Gaasperech huet den 04 Februar 2011 seng Memberen a Spiller fir d’Generalversammlung an d’Clubhouse agelueden.

Virun der Versammlung huet den FC Tricolore 2 Schecken vu jeeweils 1000 € fir krank Kanner iwwerreecht.

No enger Gedenkminutt fir verstuerwen Memberen huet de President Jean-Marie Mossong déi preesent Leit am Clubhouse Wëllkomm geheescht. De President huet d’Arbecht vun de Leit gewierdegt déi am Laf vum Joer dem Tricolore gehollef hunn. E Merci goung och un Servicer vun der Gemeng Lëtzebuerg fir hier Aarbecht déi si fir den FC Tricolore leeschten.

De Guy Braun huet den Rapport d’activité vum Joer 2010 virgedroen an huet e Réckbléck gemaach iwwer d’Personalverennerungen am Comité, den Antonio Sportelli ass aus dem Comité zréckgetrueden an et sinn 3 nei Memberen am Laf vum Joer an de Comité bäikomm : d’Sandra Thommes, d’Florence Gillig an de Fernand Federspiel.
D’Besetzung vun den verschiddenen Trainerposten am Senioren a Jugendberäich sinn déi nemlecht bliwwen.
Dobäi ass och op d’Probleematik vun der Jugend am Veräin higewisse ginn, am Laf vun der Saison 2009/2010 hu missen 2 Jugendequipen ofgemellt ginn, d’Poussins an d’Juniors. Mëttlerweil huet Tricolore da just nach eng Cadetsequip. Trotz Beméiungen fir d’Jugend am Veräin ze behalen, ass momentan wéineg Interesse zu Gaasperech do matzehëllefen.

Am sportleche Beräich huet d’1.Equip sech an der 1.Divisioun gehal, an d‘2.Equip huet an der Saison 2009-2010 den Opstieg an d‘2.Klasse als Champion gepackt.

De Caissier huet sein Finanzbericht virgedroen, duerno hunn d’Kassenrevisoren, den H.Pundel G an den H.Huesmann L. dem Caissier e Luef ausgeschwat an hunn d‘Versammlung gebieden him per Akklamatioun Decharge ze ginn.

Am Laf vum Joer 2010 huet Tricolore u verschidde Manifestatiounen a Versammlungen deelgeholl an och den traditionellen Marche populaire duerch d’Alstad organiséiert.

De Comité vun der Section de Marche ass zréckgetrueden an et ass dunn en neie Comité opgestallt ginn :
Comité Section de Marche FC Tricolore
President: Mossong Jean-Marie
Vize President: Ciufoli Ferdinand
Secrétaire: Federspiel Fernand
Caissier: Goergen Patrick
Memberen: Gillig Florence, Braun Guy, Fettes Jean-Luc, Schneider Joseph, Kuhlmann Sandy, Spinelli David, Dautbasic Amer, Curioso Antonio, Beck Claude

De President Jean-Marie Mossong huet dunn e Kaddo u verschidde Leit iwwerrecht fir Merci ze soen dass si dem FC Tricolore am Laf vum Joer gehollef hunn.

Enttäuschend war dass erëm esou wéineg Leit op der Versammlung preesent waren.Leider waren erëm Leit do déi sech net ofgemellt hunn, dofir merci fir hiren Fair-Play, dat geet am Fussball eng rout Kaart.

Duerno huet den President Manifestatiounen virgestallt fir 2011

28.Mai 2011 Turnéier fir Krank Kanner
12 August 2011 Turnéier fir Cooperativen Equipen
14 August 2011 Coupe Gillig

No der Versammlung ass et dunn nach e Patt ginn an eppes z‘Iessen.