LGS Georges Everling Gaasperech um ING-Marathon 2016

Wéi schon déi lescht Joren hunn och bei der 11ter Editioun vum ING-Marathon d'Gaasperecher Scouten sech em den Ravi gekëmmert. 
Si hunn sech fir d'Wuel vun de Leefer gekëmmert mat gefëllten Becheren mat Wasser, Energydrink a Cola. Fir zousätzlech Energy un d'Leefer ze liwweren hunn si och nach eng Abberzuel vu Bananen, Orangen a Powerrigelen mondgerecht zougeschnidden. 
Bei der ganzer Aarbecht ass do de Scouten awer de Witz, d'gutt Laun an eng immes Stëmmung net ze kuerz komm. Vill Leefer haten trotz der Ustrengung nach e Laachen am Gesiicht fir hinnen Merci ze soen. 
An elo waarden D'Gaasperecher Scouten bestëmmt schonns op déi 12t Editioun fir dann och nees hiert Bescht ze ginn