LGS Georges Everling Gaasperech um ING-Marathon

Wéi schon déi lescht Joren hunn och bei der 10ter Editioun vum ING-Marathon d'Gaasperecher Scouten sech em den Ravi um KM 31,6 gekëmmert.
No engem virgeschriwwene Schema hunn si déi sëllechen Dëscher opgerricht a mat de Sponsor-Banner dekoréiert. Duerno hunn si sech fir d'Wuel vun de Leefer gekëmmert an Becheren mat Wasser, Energydrink a Cola gefëllt. Fir zousätzlech Energy un d'Leefer ze liwweren hunn si och nach eng Abberzuel vu Bananen, Orangen a Powerrigelen mondgerecht zougeschnidden.
Bei der ganzer Aarbecht ass do de Scouten awer de Witz, d'gutt Laun an eng immes Stëmmung net ze kuerz komm. Vill Leefer haten trotz der Ustrengung nach e Laachen am Gesiicht fir hinnen Merci ze soen.
An elo waarden D'Gaasperecher Scouten bestëmmt schonns op déi 11t Editioun fir dann och nees hiert Bescht ze ginn