"Allerlee vun heiheem" an Vizfest

Nodeems de Stand vum Gonnerenger Duerfclub d'lescht Joer um "Allerlee vun heiheem" e groussen Zoulaaf haat, sinn mer och döst Joer nees mat engem Stand vierun dem "Centre polyvalent Gaston Stein" vertrueden, wou mer den ganzen Week-End agekachten Viez an 1l Glasfläschen an a 5l Bag in Box verkaafen. Ausserdem gött den ganze Week-End och frëschen Viez gepresst, deen der an 1,5l Plastikfläschen könnt kaafen. Am Frigo hält den fröschen Viez sech gudd eng Woch ier en Ufänk méi sprötzech ze ginn.

Ausserdem maachen mer iech drop opmierksam, datt den Sonnden, 21. Oktober eist traditionnelt Vizfest zu Gonnereng stattfönnt. Och do könnt der de ganzen Daag fröschen an agekachten Viez kaafen.
Möttes gött et en leckeren Menü an de ganzen Daag duerch gött et Gegrills a Fritten.
Menu : 1/2 Poulet fir 13€ an Fierkelshämmchen fir 16 €, begleet mat gebootschten Gromperen an Zalot.
Reservatiounen per E-Mail op duerfclubgon@pt.lu oder hansenb@pt.lu oder no 18 Auer um Telefon 787 666 oder 787 589

Mier freen eis ierch op denen 2 Datumen ze begréissen.