E puer Impressiounen vum Buergbrennen vun Gonnereng

Experten no huet d'Wuert "Buerg" näischt mat enger "Buerg" am heitege Sënn ze dinn, mä geet op dat laténgescht Verb "burere", also "brennen" zréck. Sou geet een och dovun aus, datt d'Traditioun vum Buergbrennen op d'Neijoersfester am antike Roum zréckgeet, wou d'Joer mam 1. Mäerz ugaang ass. Mee och schonn eis Virfaren, déi virun de Réimer hei gelieft hunn, hunn de Brauch vum Buergbrennen och nach als Ofschloss vum Wanter gefeiert géint Enn Februar Ufank Mäerz. Aneren Interpretatioune no hunn eis Virfaren d'Buergbrenne gefeiert fir d'Gëtter ëm e gudde Karschnatz ze bieden, a Verbindung mat Déierenaffer.
(Source : Wikipedia)

Zu Gonnereng war och döst Joer nees d'Buergbrennen e groussen Erfolleg an de Gonnerenger Duerfklub huet gesuergt, datt die vill Leit, déi kucke komm sinn, nött hongereg an duuschtereg heem gaange sinn. E laange Fakelzuch huet sech vun der Schoul bis erop op de Gehaansräich bewegt wou géint 19h00 d'Buerg ugestach gouf.

Weider Photoen op http://www.gonnereng.lu
Photos : Steve Engel