Cabaret zu Gouschteng

Op Invitatioun vun der Gouschtenger Chorale spillen déi Schanzer Kabarotiker och dëst Joer nees hire sprëtzege Programm am Festsall zu Gouschteng, an zwar samschdes, den 12. Februar um 20 Auer. (Keess 19.30 Auer) Den Entrée ass 8 Euro fir déi Grouss a 4 Euro fir Kanner bis 12 Joer. D'Équipe ronderëm de Rob Wagner deckt wéi ëmmer politesch a gesellschaftlech Mëssstänn op mat e.a.Texter vum Josy Braun, Vicky Wagner-Wies an dem Régisseur selwer, op flott Musek vu Lennon/Mc Cartney, Reinhard Mey...Natierlech däerf och d'Gëlle Fra an den Tour des Schleck net feelen! - Fir e Patt an e klenge Maufel ass gesuergt.- Flott Tombola!- Reservatioun um Tël.: 76 93 70 (no 17 Auer)