Generalversammlung vun der Chorale Ste Cécile

E Freideg, den 18. Februar, hat de Comité op déi alljährlech Generalver-sammlung an de Gesangssall am Centre Culturel invitéiert. Nieft den Aktiven woren dee frësch installéierten „Neien Här“ Alain Steffen, den Här Buergermeeschter Théo Weirich a säi Konzelljee Erny Apel an en etlech Frënn vun der Chorale komm. De President Gérard Schmit huet d’Gäscht begréisst a wor frou, dem Charel Schmit zu sengem Diplom vum Hw. Här Bëschof fir 60 Joer aktive Sänger kënnen ze gratuléieren. Hien huet och un den Doud vum eelste Sänger Victor Schmit am August erënnert, an et gouf ee Moment stëll un hie geduecht, ir de President dem Dirigent d’Wuert ginn huet.

Den „Dirijemp“ – wéi d’Sänger hire Chef frëndlech nennen – huet un déi 36 Aktivitéiten, déi d’Chorale 2010 nieft deenen normale Sonndesmassen hat, erënnert. 2010 gouf oft mat anere Choralen zesummegeschafft, sief dat mat deenen aus der Fluessweller Gemeng fir Nationalfeierdag oder deenen aus dem Wuermer Parverband fir den Abschid vum Här Paschtouer Emmanuel Siebenbour, den 12. September. De Riedner huet och un déi flott Feier vum 28. November am Restaurant Schumacher erënnert, wou de Luc Rollinger fir 25 Joer Organist zu Gouschteng geéiert gouf.

Et gouf och e Bléck no vir gehäit, an do stécht virun allem dee geplangten „Oldies-concert“ ervir, deen d’Chorale, zesumme mat Sängerfrënn vu Wuermer, fir den 29. Oktober geplangt huet.

De Caissier Josy Soisson wor besonnesch frou, datt d’Chorale 2010 emol nees mat engem Boni ofschléisst, an de Marcel Gondringer konnt d’Versammlung dervun iwwerzeegen, datt d’Keess an der Rei wär, well hien an de Schoulmeeschter hätten alles genee kontrolléiert.

Den Här Buergermeeschter huet der Chorale Merci gesot fir hiren Asaz am Duerf, sief dat op kierchlechem oder weltlechem Plang a verséchert, datt si och an Zukunft ëmmer op der Gemeng hir Hëllef ziele kënnten. Hien huet och kuerz op de Gesangsunterrecht am neie Schoulplang higewisen an hofft, datt dat de Gesangveräiner vläicht nei Sänger a Sängerinne brénge wäert.

Den Här Paschtouer Alain Steffen huet och net mat Luef gespuert: him gefällt besonnesch der Chorale hir Programmgestaltung fir all Sonndeg an och d’Feierdeeg. Si soll esou weiderman!

Bei engem gudde Maufel an engem kille Pättchen goufen nach en etlech Anekdoten aus fréierer Zäit opgefrëscht, wéi d’Prouwen nach ronderëm de Kolonnenuewen ofgehale goufen, an deen alen Harmonium gequietscht huet.