Gouschteng: E flotten Owend mat de Schanzer Cabarotiker

Si haten net zevill versprach, hu wierklech kee Bild driwwer gehaang a keng Miissercher ënnert den Teppech gekiert. Kee Sujet wor tabu, ob gesellschaftlech oder politesch. Si hunn deem "gewéinleche" Mënsch op d'Fangere gekuckt, a vläicht huet deen een oder aneren am Sall säi Spigelbild beim kale Buffet, op der Dagesrees mam Bus oder beim Vernissage gesinn.
Et läit op der Hand, datt aktuell kee Cabaret laanscht d'Gëlle Fra kënnt. Dofir haten si der gäich zwou matbruecht: d'Original an déi mam décke Bauch. Net schlecht gestaunt hunn d'Leit am Sall ower och, datt d'Vicky Wagner-Ries, an der (glänzender) Roll vun der Grande-Duchesse, ebeemol guer keng Grande-Duchesse, mä MODEL wollt sinn.
Deene ville Leit, déi e Samschdeg op d'Invitatioun vun der Gouschtenger Chorale an de Festsall koumen, huet et net Leed gedoen, wat si mat hirem décken Applaus bewisen hunn. Den Här Gérard Schmit huet, als Präsident vun der Chorale, alle Leit Merci gesot fir hiert Kommen an de Rob Wagner mat senge Cabarotiker - a besonnesch déi vill Jugendlech aus dem Ensemble - fir hir Leeschtung félicitéiert a scho fir dat nächst Joer agelueden. Mir freeën eis elo schonn drop!