2.000 € fir den Déiereschutz

Zenter Joeren mecht d’Michèle Faber vu Greiveldeng e Stand op enger ganzer Parti Flouhmärt an den Erléis as emmer fir d’Déieren.
Mat berechtegtem Stolz konnt d’Michèle och dëst Joer nees hir Don’en weidergin.
1.700 € krut de Privaten Déiereschutz asbl Niederanven, wou d’Michèle och ee vun de freiwellege Mataarbechter as.
300 € huet si deem klenge Verein Katzen in Not gin déi sech och enner anerem em d’Kastréiere vu Kaze kemmeren.

Bei den Déiereschützer hire Rechnungen heescht esou ee Betrag ronn 3.000 Douse Fudder.

Dem Michèle ee ganz decke merci fir sein Asatz am Dengscht vun de Véierbeener.