Zwee Deeg laang stoung Gréiwemaacher am Zeeche vum 50. Anniversaire vum Kanner- a Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher
Den 1. an 2. Mee hu verschidden national an international Kanner- a Jugendchéier sech zu Gréiwemaacher getraff, fir de Muselfénkelcher hire 50. Gebuertsdag ze feieren. Mat vun der Partie waren den Dresdner Mädchenchor, Coral Els Virolets aus Katalounien, de Skólakór Kársness aus Island, de Wolfratshauser Kinderchor aus Bayern, d’Pueri Cantores aus dem Stater Conservatoire an natierlech d’Muselfénkelcher.
Den 1. Mee konnten d’Chéier op Concerten am Osburghaus, an der Kierch an am HPPA de Publikum mat héichwäertege Performancen iwwerzeegen. No de Concerten hu si all zesummen op der Maartplaz bäi gudder Ambiance den Dag ausklénge gelooss.
Um Ofschlossconcert den 2. Mee am Centre culturel Machera hunn déi jonk Sänger a Sängerinne bäi engem grandiosen a perfekt organiséierte Spektakel dem Publikum net nëmme bewise wat fir aussergewéinlech gutt Chéier si sinn ; déi sympathesch jonk Leit hunn och gewisen, datt d’Musek an de Gesang Brécken tëschent verschiddenen Natiounen a Kulturen baut. Et war « e liewegen Dialog tëscht jonke Leit op musekaleschem Plang », wéi e Spektateur ganz treffend gesot huet. Mat villen Impressiounen, flotte Souveniren a mat enger ganzer Rei vun Telefonsnummere vun neie Frënn am Gepäck hunn déi jonk Sänger sonndes midd, awer zefridden, hir Heemrees ugetrueden. (cu)
Fotoen: Fotoclub Flash Gréiwemaacher