Gréiwemaacher: Eng würdeg Chrëstuucht in memoriam Jemp Urwald

De Kanner- an de Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher haten dës Joer op Stefesdag op eng Chrëstuucht in memoriam Jemp Urwald agelueden, an dat, als Hommage an Erënnerung un hiren, viru kuerzem verstuerwene Grënner, de Jean-Pierre Urwald, dee 40 Joer laang als President - un der Säit vu senger Fra, dem Adely Urwald-Krier als Dirigentin - d’Geschécker vum Veräin geleet huet. Nieft dem Kanner- an dem Jugendchouer hunn och eng ronn 40 fréier Muselfénkelcher et sech net huele gelooss, fir bäi dëser besonnecher Chrëstuucht mat ze wierken, an op déi Manéier, mat engem flotten an ofwiesslungsräiche Chrëschtprogramm, hirem fréiere President nach eng Kéier hir Reverenz ze erweisen. Ënnerstëtzt sinn si dobäi vun de Soliste Carlo Migy a Louis Caloin ginn. Den Duo Georges Urwald (Piano a Gesang) a Joe Del Toe (Klonerei) huet mat senge flotten Einlagen dësem Owend eng besonnesch Note ginn. Beandrockend war och de Solo vun der Saxophonistin Anne Kaftan.

Där Meenung war och de Publikum, deen an där bis op déi lescht Plaz gefëllte Sportshal vum Gréiwemaacher Sport- a Kulturzentrum alle Sänger a Musiker mat engem Standing Ovation seng Begeeschterung ausgedréckt huet.

De Kannerchouer stung ënnert der Leedung vum Marianne Hengel. D’Nathalie Laurent huet de Jugendchouer an déi fréier Muselfénkelcher dirigéiert. D’Chéier sinn um Piano vum Georges Urwald begleet ginn. (cu)

Foto: Bodo Bost