Generalversammlung vum Kanner- a Jugendchouer Muselfénkelcher

An der 45. Generalversammlung vum Kanner-a Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher huet d’Presidentin Christiane Urwald op e Joer ouni vill Aktivitéiten zréckgekuckt. Doduerch, datt ëmmer nees Prouwen a Concerten hu missen ofgesot ginn, ass et och zu engem grousse Verloscht bäi den aktive Membere komm. Trotz allem sinn d’Sänger an d’Sängerinnen, zesumme mat hiren Dirigentinnen Nathalie Laurent a Marianne Hengel, immens motivéiert, fir weiderhi flott Projeten a Concerten ze gestalten a freeën sech iwwer all Nowues, sief et am Kanner- oder am Jugendchouer. Informatiounen iwwer de Chouer fënnt een op www.muselfenkelcher.lu oder op hirer Facebook-Säit « Chorale Muselfénkelcher ». (Foto: Norry Stoltz)