Volleksfest op der Maacher Moartplaz

Zënter 34 Joer schon organiséiert d'Chorale Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher op Nationalfeierdag hir "Fête populaire", e Fest, dat och dëst Joer rëm e grousse Succès kannt huet, well ganz vill Leit haten de Wee op d'Maacher Moartplaz fonnt.
Fir Animatioun war och beschtens gesuergt: Nieft Concerten vum Kanner- a vum Jugendchouer, ass eng flott lettesch Folklorgrupp opgetrueden an d'Furriband huet mat hire schmassege Stécker vill Stëmmung gemaach. D'Kanner konnte sech schminke loossen an um Dréirad hiert Gléck versichen a Jonk an Al konnten eng Faart mat der Päerdskutsch duerch Maacher genéissen.

www.muselfenkelcher.lu