CSJ-Hesper: Zäit vergeet an d'Präisser klammen....


Zäit vergeet an d'Präisser klammen, genee dat ass d’Situatioun um Wunnengsmaart, wat verschidde Léit finanziell bevirdeelegt, ass fir jonk Leit, jonk Familljen a vill aner Léit e grousse Problem. Et ass haut extrem schwéier fir eng eege Wunneng ze fannen, an dat haaptsächlech an de Gemenge ronderëm eis Haaptstad.

Dowéinst si mir als CSJ Hesper frou, dass d’Gemeng Hesper mat Projete wéi dem PAP „Routweit“ zu Alzeng zesummen mat der SNHBM an engem Projet zu Fenteng mat dem Fonds du Logement an deenen nächste Joren ronn 50 subventionéiert Wunnengen wäert ëmsetzen, déi zum Zil hunn bezuelbare Wunnraum fir jonk Leit a Familljen ze schafen.

Di viregt Regierungen hunn iwwert “Aide au Logement” eng ganz Rei Ureizer geschaf fir de Leit beim Uschafen vun enger Wunneng ze hëllefen. Iwwert de “Pacte Logement” kréien d'Gemenge déi néideg finanziell Ennerstetzung fir bezuelbare Wunnraum ze schafen, esou wéi d’Gemeng Hesper dat amgaang ass ze maachen.

CSJ Hesper huet d'Ukënnegung vun der neier Regierung, d’Präisser vun de Wunnengen wëllen an de Grëff ze kréien mat vill Interessi verfollegt. Ausser Lippenbekenntnisser ass bis elo net vill geschitt. De Premierminister Bettel an déi nei Logementsministesch Mme Nagel stellen d’Gemengen am Kader vum Pacte Logement esouguer ënnert Generalverdacht sie hätten dës Suen iwwert déi lëscht Joren net richteg agesat. Den Här Bettel schwätzt vun “Dérapage” wat d’Ausbezuelen un d’Gemengen ugeet, hie vergësst awer ze soen datt d’Stad Lëtzebuerg an der hien kuerz Zäit Buergermeeschter wor, 1/3 (69 mio €) bei egem Undeel vun 1/5 vun der Gesamtpopulatioun u Contributiounen kritt huet.
Als besonnesch Nuance beim Vote vum Gesetz vum Pacte Logement an der Chamber am Joer 2008 ass festzehalen datt de ganzen deemolegen Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg (DP an déi Gréng) géint dëst Gesetz gestemmt hunn. Op der anerer Säit gëtt d’Conventioun mam Ministère du Logement awer ennerschriwwen an de Gräppchen opgehal. 69 mio € léist een jo net einfach esou lenks leien...!

CSJ Hesper fuerdert den Hesper Schäfferot op déi Suen déi d’Gemeng Hesper vum Pacte Logement kritt verstäerkt an subventionéierten an soziale Wunnengsbau z’investéieren! Ouni déi néideg Hëllef vun der Gemeng wäerte jonk Generatiounen zu Hesper et ëmmer méi schwéier kréie beim uschafe vun engem Eegenheem. Op di nei Regierung kenne mir net waarde well Zäit vergeet.

Mir als Hesper CSJ sinn eis awer sécher, dass dee neien CSV/CSJ-Hesper Conséiljer Guy WESTER, deene Jonken hier Suergen kennt. Dem Guy seng politesch Aarbecht am Gemengerot wäert sech schwéierpunktméisseg ëm d‘Problematik vum bezuelbare Wunnengsraum, der Familljen- a Verkéierspolitik an dem Erhalten vun eiser Liewensqualitéit an eiser Gemeng dréien. CSJ Hesper huet vollste Vertrauen an dem Guy säin Engagement an a seng Aarbecht am Interessi vum Bierger aus der Gemeng Hesper.

Guy mir wënschen dir Bonne Chance.