E-Bike Opluedstatiounen: ee wichtege Schrëtt fir méi douce Mobilitéit zu Hesper

Douce Mobilitéit as onverkennbar ee feste Bestanddeel vun der Hesper Politik. Eng nei Velosunterführung gouf rezent an Ugrëff geholl. Dës douce Mobilitéit as net nëmme gudd a gesond, mee virun allem as se ëmweltfrëndlech a sozial.

Net jiddereen as awer nun awer gewellt sech an eng Sportstenue ze zwénge fir vum Duerf mam Vëlo erof an den Hesper Zentrum ze fuere fir Bréidercher oder eng Zeitung ze kafen, geschweig dann den Heemwee am biergop unzetrieden. Et as oft beschwéierlech fir an der Hesper Gemeng op den Vëlo ze klamme fir seng Akeef ze machen an se dono mam Vëlo heemzebréngen.

Dat as duerch déi hiwweleg Geographie vun Hesper bedengt. Déi Geographie as zwar landschaftlech immens schein, mee si as nët besonneg praktesch. Bref, doduech hun déi mecht Gemengebierger momentan eng eenzeg reel Alternativ: den Auto.

Ouni lo wëllen d’Nodeeler vum Auto opzelëschten, brauch d’Hesper Gemeng konkret Alternativen zum Auto. D’CSJ-Hesper geséit déi douce Mobilitéit als sozial Alternativ un déi d’Interaktioun an d’Integratioun tëscht de Gemengebierger fördert. D’CSJ-Hesper geseit am E-Bike eng solch konkret Alternativ zum Auto. Den E-Bike ermeiglecht jidderengem, sportlech a manner sportlech, eng praktesch, gënschteg an alldaagstauglech zum Auto.

Fir awer keng eidel Batterien um elektreschen Vëlo ze riskéieren, well d’CSJ-Hesper ureegen, datt am Hesper Zentrum an dono op de populäre Platzen, wéi bei den Akaafszentren E-Bike Opluedstatiounen entstinn. Des Statioune soll all Bierger kennen notze fir z.B. mam E-Bike an den Hesper Zentrum ze fuere fir op Busser mat enger besserer Taktfrequenz zereckzegreifen, de Velo stoen ze lossen, mam Bus weider op d’Schaff an Owes mam vollgeluedenen Vëlo den Heemwee unzetrieden, oder während dem Akaafen den E-Bike gemitterlech opzelueden.

Dës Opluedstatiounen kéinten och mat lokalen Stroum beliwwert gi, wéi z.B. mat Stroum aus dem Solarparkprojet deen an den izeger Wisen entsteet.

Mat deenen E-Bike Opluedstatiounen as d’CSJ-Hesper iwwerzeegt, datt d’Gemeng ee weidere Bausteen an domadden e weidere wichtege Schrëtt a Richtung douce Mobilitéit mécht.

CSJ-Hesper

(Op de Punkt Editioun Oktober 2012)