Hesper soll och no de Wahlen net vergiess ginn!

Eis Stroossen sinn iwwerfëllt! All Dag fueren haut schonn iwwert 20’000 Autoen iwwert d’Haaptverkéiersachsen an eiser Gemeng.

Et ass schwéier sech virzestellen wéi et weidergeet, zemools wann ee weess datt de Ban de Gasperich an deene nächste Joeren nei erschlos gëtt, mat engem groussen Akafszentrum, engem neie Lycée a villen aneren Infrastrukturen.
Hei entsteet e ganz neie Quartier an der Stad, d'Gemeng Hesper als direkt Nopeschgemeng muss vill méi intensiv an d’Planung matagebonne ginn. Sécherlech wäert de Verkéierschaos an eiser Gemeng mat der Erschléissung vun dësem Quartier nach weider zouhuelen.

Ier de Ban de Gasperich fäerdeg gebaut ass, muss de Contournement ronderëm Hesper an Ugrëff geholl ginn. Nëmmen dëse Contournement ka verhënneren datt sech all Dag dausenden Autoen duerch dat Nadelöhr rue de Gasperich a Richtung vun der ZAC Howald an der Cloche d’Or, Moies dohin an Owes zréck, quetschen.

A graat hei, huet den aktuellen Bauteminister Claude WISELER dofir gesuergt, dass de Suergen vun der Hesper Gemeng soll Rechnung gedroe ginn. Mee vue, dass een ni am Viraus weess wei esou Wahlen ausginn, wëllt CSJ-Hesper sech matt dësem Communiqué un all d'Parteien riichten. Mir fuerderen dofir, dass egal wien neien Bauteminister gëtt, de Contournement vun Hesper en Haaptuleies vum neien Bauteminister senger Politik bleift.

Mir Jonk vun der CSJ Hesper maachen eis dofir staark, dass de Contournement vun Hesper esou séier wei méiglech an Ugrëff geholl soll ginn.


Fir de Komitee

Pol PIERRET
President

Guy WESTER a Georges WEBER
Vize-President