De Kleeschen kënnt

D’Gemeng Habscht, d’Äischener an d’Habschter Elterevereenegungen lueden all d’Kanner aus der Gemeng an, dem Emfank vum Kleeschen bäizewunnen, e Samschden, den 27. November 2010.

Programm zu Habscht: fir d'Précoce a Spillschoulskanner, Puppelcher a Kënnercher ass de Rendez-vous um 9.45 Auer am Centre Polyvalent.

Programm zu Äischen: Fir d’Kanner vum 1. bis 6. Schouljoer ass de Rendez-vous um 13.30 Auer. De Kleeschen trëfft an bei der Sportshal, rue de la Gare. Départ vum Cortège mat de Kanner, der Harmonie an de Pompjeeën bis an de Centre Culturel Jean Wolff (Place Denn). De Cortège fënnt nëmmen dann statt, wann d‘Wieder et erlaabt !

Um 13.45 Auer: Ufank vun der Feier am Centre Culturel Jean Wolff (Place Denn).
Vergiesst w.e.g. nët deen vun der Gemeng ausgestalten Bong fir d’Kleesecherstuten.
Opgepasst: Déi Kanner, déi bei dëser Feier nit kënnen derbäi sin, kënnen hir Tiitchen
an der Woch vum 29ten November am Gemengebüro zu Äischen ewechhuelen.