1.Mee Feier bei den HoGa Scouten ganz traditionell

De Meekranz ass e Joerhonnert aalt Symbol vu Fréijoer a Gléck. Dëst Gléck wollten ons Scouten & Guiden vun der HoGa den Hollerech Garer Scouten erëm an d’Altersheem an den Pafendall bréngen.


Scouten vun der HoGa hunn sech schonn fréi Moies bei hirem Home getraff fir vun do aus an den Bësch ze starten. Am Bësch gouf fläisseg Grengschnett gesammelt, domat Sie duerno zesummen mat den groussen Wëllefcher beim Home e Puer  grouss a flott Meekränz bannen konnten.


Béfir et awer mam bannen lass konnt goen, gouf sech mol nach schnell mat enger leckere Mëtsch an engem waarmen Schocki gestäerkt. Fläisseg sinn dëst Joer dréi Kränz gebonnen ginn.


 En vun de Meekränz ass un onsen Home, an den aneren un ons Part vun der Wiss opgehaangen ginn. Gemäss der Traditioun vum Meekranz sollen domat déi béiss Gëschter, verdriwwen ginn.


Mat dem drëtten Meekranz ass et am Kader vun onser traditioneller "Bonne Action" an d'Altersheem "Hospice de Pfaffenthal" gedroen ginn. Mam Meekranz um Bockel, ass et ze fouss duerch Péitrussdall an Richtung Altersheem gaangen. Leider konnten mir dëst Joer duerch den Covid-19 nach ëmmer net an Altersheem eran, fir do zesummen mat den Leit e puer flott Momenter kënnen ze verbréngen. Jedach e klengen Grupp vun Jongen an Meedercher hunn duerfen fir e kuerzen Moment an den Foyer eran, an konnt do onsen drëtten Meekranz zentraliséiert an der Agangshal vum Altersheem ophänken. Esou ass och dëst Joer erëm e Stéck Scoutismuss vun der HoGa, an domadder och vill positiv Gedanken an Altersheem bruecht ginn.


Mir hoffen mir konnten den Bewunner vum Altersheem un Dag vun der Aarbecht erëm eng Freed maachen.