HoGa Dinner vun de Scouten

Um Buergsamschdeg, dem 5. Mäerz 2022 hu sech ons Scouten vun der HoGa (Hollerech – Garer Scouten) mat hiren Cheffen op den Wee Richtung Fetschenhaff gemaach. Wou sech fir déi 10 Kanner e ganz besonneschen Moment ofspillen sollt.


Schonn den Trajet bis ob den Fetschenhaff war ongewinnt, wëll den Trajet war net wéi gewéinlechen duerch den Bësch, oder iwwert Feld, nee den Trajet war vill ënnert dem Buedem, also anescht gesot haaptsächlech ass den Trajet duerch déi net esou ëffentlech Kasematte gaangen. Dofir och hei e groussen Merci un „Frënn vun der Festungsmauer“


 Vum HoGas Home an der schéiner Péitruss ass et ob déi nei Foussgängerbréck gaangen, bei der Spuerkees ass et duerch Kasematten erëm erof bis an d'Péitruss, a vun do erëm erop op d'Rumm gaangen. Vun der Rumm ass et weider bis un Enn vum Forte, also bis ob den Fetschenhaff am Siège vun der FNEL gaangen wou Scouten dunn och gutt ukomm sinn.


Den Rëscht vum Weekend stoung komplett am Thema Kachen. Um Programm stoungen Reegelen vun der Hygien, d’Erklären vun dem Kichenmaterial, Opbauen vun enger Spullstross, an Kënnenleieren vun villen Kraider a Gewierzer.


Et gouf awer net just an der Kichen geschafft, nee den Sall huet och mussen Dekoréiert ginn. Et gouf also nach och fläisseg um Weekend Diamanten gebastelt.


Um Sonnden, do wa den groussen Moment och schonn do, do hunn ons Scouten fir hier Elteren en dréi Gäng Menü mat all dem Wëssen wat Sie geléiert hunn gezaubert.


D’Elteren sinn géint 12:00 ob den Weekend op Besuch kommen. D’Obregung bei den Kanner war grouss, ëmmerhi gouf sech e Besuch vu ronn 20 Leit erwaart.


Schnell gouf Moies nom Café nach mol  de Menü analyséiert, an sou konnt et dunn och schonn an d'Kiche goen.


Als Entrée gouf et Bruschetta, an nom Haaptplat, dem klasseschen Tri de Pâtes, mat frëschem Pesto aus dem Kraidergart, enger Tortellini sauce crémeuse au jambon, an enger Penne Napoli, koum et zum Dessert, engem leckeren Duo de Mousse au Chocolat.


D'Aarbecht vun de Scouten an hire Cheffen hat sech gelount. Zesumme mat den Eltere gouf e flotte kulinaresche Mëtteg an enger gudder Ambiance um Fetschenhaff verbruecht.