25. Concert de Bienfaisance

Op Stiefesdag 2015 huet d'Fanfare "La Réunion" Hueschtert fir di 25. Kéier op hire Concert de Bienfaisance agelueden. Den Dirigent Claude Hoffmann, deen och viru 25 Joer Initiator vun der Aktion war, haat e Programm zesummegestallt den engem Véirelsjorhonnert gerecht gouf.
No dem Präsident Emile Wagner senger Usprooch ass, an engem éischte klasseschen Deel, de Concert matt "A triumphant Fanfare" agelaut ginn. Duerno waren et dem Georges Bizet seng "Arlésienne" an dem Johann Sebastian Bach säin "Arioso" déi de Publikum faszinéiert hunn.
An der Paus huet den Här Georges Weis, Präsident vun "Aide aux Enfants Handicapés du Luxembourg", seng Associatioun kuerz virgestallt, ier eng Kollekt fir si gehale gouf. An engem zweete, méi modernen Deel koume "Voyage - Flight into a Hopeful Future", di bekannte "Serenata Amorosa" vum Enrico Toselli an de "Rondo barocco" zum Erkléngen. No engem Medley vu Kreschtlidder "A Christmas Carol Fantasy" koum de Concert op en Enn, an de Publikum huet matt Standing Ovation der Fanfare applaudéiert. Matt "Friends for Life" huet d'Musek dem treie Publikum Merci gesoot fir d'Ennerstetzung an all dene Joren .Duerch de Programm hunn d'Sonja Sartorius an de Claude Bache gefouert.
Nom Concert haat d'Gemeng Nidderaanwen, déi de Patronage vun dem Concert assuréiert, op en Éierewäin an de Centre des Sociétés invitéiert. Hei konnt och e Scheck vun 2500 € un d'Associatioun iwwerreecht ginn. De Buergermeeschter Raymond Weydert huet de Betrag dann, am Numm vun der Gemeng, nach em 500 € erhéicht.