Gala-Concert van der « Fanfare Concordia Hëpperdang »

D’Hëpperdanger Musik ënnerstëtzt « Wonschkutsch asbl »

D’Hëpperdanger Musik haat vira kuerzem op hiren Gala-Concert invitéiert. Dem goud gefëllte Sall guff een aafwiäslungsräiche Programm offréiert. Ënnert der Leedung vam Fancis Radermecker woren et bekannt Melodien aus der Film- an Musicalwelt, Rock & Pop an der Ënnnerhaalungsmusik déi gespillt guffen. Matt dësem flotte Programm hat d’Musik de Goût vam Publikum getraff.

No der Zugab guff ee Scheck aan „d’Wonschkutsch asbl“ iwwerreecht. Dës Associatioun ënnerstëtzt schwier krank Legt dobäi, ee letzte Wonsch erfëllt ze kreien, respektiv eng letzt Rees ze ënnerhualen. D’Madame Baulesch Léa hat an engem beandrockenden Virtrag d‘Organisatioun mat hiren Aktivitéiten virgestallt. Well d’Wonschkutsch sech ausschliisslich van Don’en finanzéiert, woren si frou iwwer dee schinge Geste an ee Scheck van 2000€ entgéint ze hualen. Dëst ass den Erléiss aus zwee Joer „Wanterfënster“ déi Mëtt Dezember zu Hëpperdang organiséiert guffen an oh dëst Joer den 17. Dezember rëm wäert stattfannen.