Generalversammlung van der "Fanfare Concordia Hëpperdang"

Generalversammlung van der «Fanfare Concordia Hëpperdang»

Viran kuerzem guff zu Hëpperdang op déi 58. Generalversammlung van der Musik invitéiert. Niäwend ganz ville Membere konnt de President Lafleur J-P. den Här Glod Georges als Schäffe van der Gemeng Cliärref begréissen. D’Schüler van der Musik woren oh invitéiert, fir hire Wäert fir de Veräin ze ënnersträichen.

D’Aktivitéite vam letzte Joer guffe vam Sekretär Jans Kevin genau su virgedroen wie en Ausbléck op di nei Saison gemacht. Wärend dem letzte Joer hat niäwend de musikalische Sorti’en viran allem den Ausflug iwwer 3 Deeg op Berlin rausgestach.

Zur neier Saison ass et lo direkt d’Virbereedung op de Gala-Concert déi om Programm steht. Dëse gëtt gespillt am Sall zu Hëpperdang de 16. Mäerz 2024 em 20.00 Auer.

D‘finanziell Situatioun vam Veräin hat de Caissier Schanck Samuel virgedroen. D’Entlaastung van de „Revisoren de caisse“ wor him direkt erdeelt giän.

Den Dirigent Francis Radermecker kruch ee grusse Merci a Form van engem flotte Presentkuareff vir seng Aarbicht wärend dem ganze Joer, sengem insgesamt 25. Joer wu zu heen zu Hëpperdang om Dirigentepult steet.

De Schäffe Glod Georges hat matt senge Wiärder op déi goud a strukturéiert Veräinsféierung an Organisatioun hegewisen an ënnerstrach datt de Veräin viran op d’Ënnerstëtzung van der Gemeng kann ziälen.

De Prouwebesouch (46 Prouwen) ass als zefriddestellend bezeechent giän, wubäi Palzer Georges et fiärdig kruch fir keng Prouw wärend dem Joer zu feelen. Dëst gouff matt engem entsprechende Kaddo honoréiert.

Den Owend guff no der Versammlung matt engem goude Maufel am Restaurant Reiff zu Fëschbisch ausklinge gelooss.