Concert "Anno 2013" vun der Lënster Musek war nees en Success

De Samschden hat d'Lënster Musek op hiren traditionellen Freijoersconcert invitéiert. An der Kierch zu Jonglënster gouf en ofwiesslungsräichen Programm gebueden.

Éier di grouss Musek gespillt huet, waren awer fiert éischt nach di jonk Nowuessmusikanten drun. Ënnert der Leedung vum Guillem Bonet hunn sie och puer Stécker zum Beschten ginn. Dono huet di ganz Musek gespillt. Den Dirigent René Lelong konnt mat der Leeschtung vun all Musikanten ganz zefridden sinn. Och wann uechtert Land vill Manifestatioune gebueden goufen, haten et awer och genuch Spectateuren den Wee an d'Kierch fonnt. (TiS)