Lënster Musek spillt Anno 2016

Och dëst Joer huet Lënster Musek nees wéi all Joers hiren Anno Concert zu Lënster an der Kierch gespillt. Virun der "grousser" Musek war et awer fiert éischt den Nowuess drun. Di Jonk Lënster Musek huet ënnert der Leedung vum Michele Jungbluth an dem Ben Forster e puer Stecker zum beschten ginn. Dono war et dann um Tour vun der ganzer Musek di mat hirem Chef Jean-Marie Thoss zwee Deeler gespillt hunn. An der Paus waren et dann d´Carole Hartmann an d´Josiane Mirkes vun der ASBL Konterbont di hiren Projet virgestallt hunn. D´Quête vum Owend am Wäert vun 1000 Euro goung dann och integral un hir ASBL. Villmools Merci dem Public fir hir Generositéit.(TiS) (Foto: Sonja Jungbluth)