(Fotoen) Porte Ouverte bei der Lënster Musek

Lënster Musek huet hir Dieren fir puer Stonnen op gemat an Interesséierter dozou agelueden sech den Veräin unzekucken.

Mee et goung net nëmmen ëm déi di schonn en Instrument spillen kënnen. Kleng Kanner sollten d'Méiglechkeet kréien sech verschidde Instrumenter unzekucken. Mat der Ënnerstëtzung vun den Musikanten vun der Lënster Musek hunn di meescht och gläich puer Instrumenter ausprobéiert. Dëst sollt den Kanner et méiglech man, ze kucken weien Instrument si interesséiert an wou se sech kéinten virstellen an Coursen ze goen. Di eng Zesummenaarbecht mat der Iechternacher Musekschoul war dann och de Grond dofir dat den Jhang Kohnen mat senger Trompettenklass puer Stécker zum Beschten ginn huet. Zousätzlech war den Marc Demuth als Vertrieder vun der Iechternacher Musekschoul do, fir den Elteren an Kanner weider Informatiounen ze ginn.

Mee net nëmmen si sinn opgetrueden. Och den Dirigent vun der Lënster Musek René Lelong huet et sech net huelen gelooss des Porte Ouverte musikalesch matzestalten, genee wei eng jonk Klarinettistin, déi sech getraut huet ganz alleng virum Public ze spillen. Fir d'Lënster Musek sécher en gelongenen Dag an en wichtegen Schrëtt fir d'Zukunft vum Veräin ze sécheren.(Fotoen: Steffi Zimmer) (TiS)