D'Lënster Musek huet en néien Comité

Geschter hat d'Lënster Musek eng ausseruerdentlech Generalversammlung. Den néien Comité bestehend aus eelef Léit ass virgestallt gin.

Befiert deen awer aktiv konnt ginn, huet en missen vun den Memberen ugeholl ginn. Dei hun unanime fir deen néien Comité gestemmt. Den néien President Marc Wilmes huet awer och vun der Geleeënheet profitéiert sech bei dem alen President Nicolas Bender ze bedanken. Am Numm vum ganzen Comité huet den Marc Wilmes dem Nicolas Bender fir seng laangjäreg Arbescht felicitéiert. Den Comité huet hien gefroot Eirepresidnet ze gin. Doriwwer huet sech den "Presi" immens gefreet an dëst gären ugeholl.

Hien selwer huet betount, dat et flott Joren waren als President, mä dat et no 30 Joer (22 Joer President an dräi Joer Vize-President) elo am Comité Zäit wier, vir néien Wand. Deen néien Comité setzt sech elo aus folgenden Leit zesummen. President: Marc Wilmes; Vize-President: Raoul Wecker; Sëkretär: Nico Olinger; Keessjee: Georgette Anzia; weider Memberen: Daniel Schmit, Tiffany Saska, Marco Weber, Steffi Zimmer, Ben Forster, Viviane Koob an Claude Weydert.

(vum Comité feelen op der Foto: Nico Olinger, Viviane Koob an Tiffany Saska(Fotograf) (TiS)