D'Lënster Musek spillt flotten Gala Concert

Den 18. Januar war et nees esou wäit. L’Lënster Musek huet hiren traditionellen Galaconcert gespillt. Den Owend mam Thema „Irgendwie, Irgendwo, Irgendwann“ war ganz der däitscher Musek gewidmet. Ganz vill Léit haete den Wee an de Centre Polyvalent Gaston Stein fond an gouffen net enttäuscht. Mat engem flotten a schmassegen Programm wosst d’Lënster Musek ze iwerzeegen.


Ugefaangen huet den Concert wie schon an de Joren virdrun, mat der Jonk Lënster Musek die zwee Stécker ënnert der Direktioun vum Philippe Lelong gespillt hun. Den Merci gollt awer och dem Ben Forster deen och d’ganz Joer mat denen jonken Musikanten geprouft huet. No dem Optrëtt vun den Nowuessmusikanten war et dann un der „grousser“ Musek ënnert der Direktioun vum Chris Nothum. Hien hat en flotten an ofwiesslungsräiche Programm op d’Been gestallt de bei de Léit gutt ukomm ass.


An der Paus an och am zweeten Deel war et dann die nei forméiert Grupp „Lënster Bierg Bléiser“ dann an traditioneller bayreschen Tracht puer flott Märsch zum Beschten gin huet. Am zweeten Deel hun nach zwee wieder Highlights gewaard. D’Nathalie Achten haat en fantastschen Solo um Bugle. Mam Sänger Armand Thies huet d’Lënster Musek dann vill wieder bekannten Melodien présentéiert an huet um Enn duerfen dräi Bisen fir den Publique spillen.


Fotoen: Sonja Jungbluth Thill