Lënster Musek - Laangjärege Member geéiert

D´Generalversammlung vun der Lënster Musek konnt 6 Méint méi spéit ewéi gewinnt ënnert bal ganz normale Konditiounen ofgehale ginn. Bei der Geleeënheet gouf dunn noedréiglech eise laangjärege Member Jos Schmit geéiert. De Jos ass den 1.1. 1964 Member vun der UGDA gin. Säin éischt Instrument war de Bugle, fir dunn op de Saxophon Alt ze wiesselen an no 30 Joer Alt, goung et op den Tenor. 2020 krut de Jos d´Regierungsmédail Couronne de chêne en vermeil. Bei herrlechem Wierder konnte mir dëse flotte Moment an gudder kollegialer Ambiance fotografesch festhalen. Am Numm vum Comité, Merci Jos fir däin Engagement.