Lënster Musek spillt Freijoersconcert fir mil asbl

D´Lënster Musek an d´Jonk Lënster Musek war frou no laange Méint endlech nees e Concert kënnen ze spillen. Dëse Freijoersconcert an der Kierch zu Jonglënster gouf awer och zu Éieren vun der mil asbl gespillt, déi Kulturprojete fir Mënsche mat Demenz organiséieren an ënnerstëtzten. Mir si frou, datt mir vill Frënn vun eisem Veräin an der Kierch begréisse konnten a soen hinnen alleguerte Merci fir hir generéis Donen. Mir si frou der mil asbl 1500 Euro kënnen z´iwwerweisen an soen dem Dani Jung Merci, datt Si dem Public d´asbl virgestallt huet. 


D´Lënster Musek freet sech, Iech och op hirem nächste Concert de 14. Mee am Centre Gaston Stein ze begréissen.