D' Minimes vum FCJJ starten mat enger Nidderlag an di nei Saison

D' Minimes vum Lënster Fussball, enner der Leedung vum Trainer Pierre Schmitz, spillen dest Joër an der héchster Spillklass, der 1. Klass, wou si sech mat staarker Konkurrenz vun 4 Ekippen aus dem Süden - Monnerech, Déifferdéng, Käerjheng an F91 Diddeléng - an dem RFCUL aus der Stad auserneen setzen waerten.
Eng knapp 3-1 Nidderlag gouf et am éischten Match zu Diddeléng, woubai di 2 Ekippen op engem Niveau stoungen a flotten Fussball gewisen hun. Den F91, Vize-Champion, huet emmer an denen éischten Sekonnen nom Upaifen zwee Goler markéiert an een just vrum Schluss vun der 2.Halschent.
Ganz engagéiert sin di Lënster Bouwen och nom 0-3 Réckstand zu Wierk gaang, a gouwen no enger 4-2 Konteraktioun mam Eiregool duerch de Pedro Silva belount.

An der Ekipp stoungen: Nuno, Maxence, Maurice, Charel, Pit, Loris, Camille, Aaron, Felix, Robin, Pedro, Erwin an de Luc.

Di aner Resultater : Monnerech - Déifferdéng 0-5
RFCUL - Käerjhéng 4-0

E Samsdes um 16 Auer probéieren d'Bouwen nees Ponkten ze sammelen, am Heemmätch géint Déifferdéng.

Den FCJJ giff sech iwwer all Ennerstëtzung fröen.