Den 9. "Turbulente Galaconcert" vun der Lënster Musek war erëm en eenzegen Erfolleg

Fir d'néngte Kéier hat d'Lënster Musek ënnert der Direktioun vun hirem Dirigent René Lelong op en "Turbulente Galaconcert" agelueden. Méintlaang hunn d'Virbereedunge gedauert, wou erëm de Marc Wilmes seng Iddien op den Dësch geluegt huet, fir sou e Spektakel ënnert dem Motto "Rhythm & Dance" ze realiséieren.

An enger exemplarëscher Equipenaarbécht ass dunn e formidable Programm op d'Bee gesat ginn. D'Lënster Musek huet mat Bravour dës Stécker gespillt: Bolero, Granada, La Cumparsita, Espana Cani, The Second Waltz, Cry of the Celts, Riverdance, Libertango, Cielito Lindo, Tico Tico a You can leave your hat on. Begeeschtert waren déi vill Leit vun den Danzopféierunge vum Sylvie Camarda, vun der Danzschoul Li Marteling a vun der Koppel Monika Nilsson & Axel Goldschmidt.

De Micky Limbostar huet d'Leit mat senger Limboshow richteg matgerass. Ënnerstëtzt ginn ass d'Musek duerch d'Rockband Pol Said mat der Sängerin Christine Weis an dem Sänger David Lauer. Duerch dee flotten Owend hunn op eng lëschteg an agreabel Manéier d'Marie Gales & Olivier Catani gefouert. (dd)