Den turbulenten Galaconcert 2012

D'Lënster Musek wëll Iech doriwwer informéieren, dass Samsdes den 21.Januar 2012 déi 8.Oplag vun eisem turbulenten Galaconcert stattfënnt.

D'Organisatioun leeft schon op Héichtouren fir Iech och dës Kéier mat engem ganz neien Thema an engem flotten Programm verwinnen ze kënnen.

Mir wieren frou wann Dir Iech den Datum schon géift am Kalenner viirmierken, soudass Dir den turbulenten Owend den 21.Januar kënnt mat eis verbrëngen.

Mir soen Iech am viraus Merci !

mat musikalechen Gréiss

är Lënster Musek