E weidere wichtege Punkt fir d'Minimes géint Déifferdéng

No enger "Léierstonn" de leschte Week-End géint d'Minimes vum RFCUL, dee Mätch goung 1-4 verluer, konnten d'Bouwen vum Trainer Pierre Schmitz sech e Samsdeg zu Déifferdeng mat enger zolitter Ofwiirleeschtung zréckkafen an hun e verdéngte Punkt op hirem Konto kënnen verbuchen.
Besonnesch an der 1.Halschent waren d'Bouwen aus dem Minett dréckend iwwerléen, a méi wéi emol huet et am Strofraum gebrannt, awer all Kéier konnten di brenzleg Situatiounen geklärt gin.
An der 2.Halschent war d'Spill méi ausgeglach an di Lënster koumen och zu vereenzelten Golchancen. Lënster war mam 0-0 zefridden, fir Déifferdéng, déi den Himätch verluer haten, war et e kloeren Ponktverloscht, sin si dach elo vun der 2. op di 3. Plaaz an der Tabell gerëtscht.
D'Tabell gëtt ugefouert vum RFCUL vrum F91 Diddeléng an dann Déifferdéng.
Lënster beleet di 4.Plaaz mat 8 Punkten vrun Monnerech (2) an Kärjhéng (1).

Bei daer Geleegenheet konnten di matgereesten Elteren sech e Bild vun den Infrastrukturen zu Uewerkuer maachen, steet deen Terrain dach zur Diskussioun fir den Nationalstadion opzehuelen. D'Infrastrukturen sin an engem Top Zoustand, en Parkhaus mat iwwer 800 Plazen ass direkt derbai an d'Ubannung un den Zuch besteet och.

Den nexten RDV fir d'Minimes ass e Samsdeg zu Monnerech, wou et drem geet fir weider Punkten ze sammelen fir d'Plaz an der 1.Klass ze halen.