FC Jeunesse Jonglënster: Lëntgen/Luerentzweller gewënnt d'Coupe Christiane Fiedler

Als Erënnerung un d'Christiane Fiedler huet den F.C. Jeunesse Jonglënster e Galamatch an en Turnéier fir "Minimes zu 7" organiséiert. Den 29. Juli hunn am Galamatch d'Equipe vum C.S. Péiteng a vu Bertrix (B) géinteneegespillt an déi belsch Equipe huet 2:1 gewonnen. Elo war et un de Minimes-Spiller vun 10 Equipen, déi ëm d'Coupe gespillt hunn, déi vum Wally, Nancy a Sven Fiedler gestëfft gi waren. Schliesslech hunn an der Finale d'Spiller vu Lëntgen/Luerentzweller no 7-Meter-Schéissen 4:3 géint d'Spiller vu Stengefort gewonnen. Déi 3. Coupe huet d'Equipe vu Kenn (D) mat heem geholl. Nach um Turnéier hunn dës Equipen deelgeholl: Jonglënster 1, Eilereng, Bäertrëff-Konsdrëf 1, Jonglënster 2, Brouch, Hueschtert a Bäertreff-Konsdrëf 2. An enger flotter Broschür huet den Norbert Schmit déi vill Merite vum Christiane Fiedler an Erënnerung geruff, dat eis leider virun aacht Jar no enger onbaarmhäerzeger Krankheet vill ze fréi verlooss huet. 1976 sinn d'Christiane an de Wally op Lënster wunne komm a si kruten duerno zwee Kanner, d'Nancy an de Sven. D'Christiane war ëmmer bereet, sech fir déi aner anzesetzen, an esou huet hatt op sozialem Plang Villes geleescht, diskret mee efficace; hatt stoung am léifsten an der zweeter Rei. D'Christiane war och direkt bereet, sech mat enger immenser Energie fir d'Jugendequipe vum Lënster Football z'engagéieren. Als Member an als Sekretärin vun der Jugendkommissioun huet hatt op seng bescheiden Aart a Weis eng formidabel Aarbecht geleescht. Hatt stoung awer ëmmer an der éischter Rei, wann et geheescht huet, dee beschtméiglechen Encadrement fir d'Jugendequipe vum Veräin ze schafen. Hatt war ëmmer do, wa säin Asaz am Intérêt vum F.C. Jeunesse Jonglënster gebraucht ginn ass. Och de President Claude Kremer huet a senger Usprooch bei der Präisverdeelung op d'Meriter vum Christiane higewisen. D'Christiane huet dee Merci an déi Unerkennung, déi de Veräin him elo zoukomme gelooss huet, méi wéi verdéngt. (dd)