Hämmelsmarsch zu Lënster

Et ass nach ëmmer flott, wann d'Musek duerch d'Stroossen zitt, fir d'Kiermes "anzelauden". Déi bekannte Melodie - de Compositeur kenne mer net - rifft eis direkt den Text vum Michel Lentz an Erënnerung: ".......'t ass Kiermesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaass, 't jäizt eng Clarnett an 't brommt eng schaddreg Bass. An d'Hämmel ginn derbäi mat Bänn a Fletschen un, blénkeg zënne Plättlen an der Rei sinn hannendrunn. ..." D'Hämmel si leider bei eis net méi derbäi, mee frou si mer wa mer d'Musikantinnen an d'Musikante vu wäitem héieren an da gesinn; si spillen den Hämmelsmarsch, an neierdéngs och "'t ass Kiermes am Duerf". Ei, dat ass schéin, wat wier eng Kiermes ouni den Hämmelsmarsch. An duerfir e grousse Merci un d'Lënster Musek - an natierlech och un déi aner Museken, déi an eiser Gemeng den Hämmelsmarsch spillen - datt si de flotte Brauch an der Riicht hällt. Si kritt et ëmmer méi schwéier, d'Uertschaft gëtt ëmmer grouss, a fir iwwerhaapt et nach fäerdeg ze bréngen, fir an all Eck vum Duerf ze spillen, muss si sech a Gruppen opdeelen. Et ass och schéin ze gesinn, datt d'Awunner déi flott Aktioun unerkennen an en Don an d'Béchs leeën. Gutt esou, d'Musek huet dat verdéngt! (dd)