"Last-Minute-Goal" séchert de Minimes 3 Punkten

Duerch e Goal vum Erwin Hasanovic, deen quasi mam Schlusspfëff gefall ass, konnten d'Minimes vum Lënster Fussball sech 3 wichteg Punkten zu Monnerech sécheren, an si domat 3 Deeg vru Schluss scho quasi gerett a waerten och an der Réckronn an der héchster Spillklass spillen.

No engem flotten Match, bei deem et erop an erof gong, di Lënster Bouwen awer di besser Goalchancen haten, haten d'Elteren an d'Supporter, déi mat op Monnerech waren, sech schon mam Remis ooffonnt, wéi e Konter iwwer de Felix Maillet zum Goal gefouert huet.

D'Tabell gesait 3 Spilldeeg vru Schluss esou aus:
RFCUL 17,
Diddeléng 13,
Déifferdeng a Lënster 11
Kaerjhéng 4
Monnerech 2 Ponkten.

D'Bouwen si motivéiert fir weider Ponkten ze sammelen an nach ennert di 3 bescht Ekippen ze kommen.

E Samsdeg ass "Coupes des Minimes" zu Bous, an dann den 10.November erem Championnat mam Match heiheem géint Kaerjhéng um 16h.