Minimes vum FCJ Jonglënster spillen 1/4 Finall vun der Coupe du Prince

Mam F91 Diddeléng haten d'Jongen vun Lënster, déi an hirer Alterskategorie eng Entente mat Biwer hun, net grad Lousgléck, gehéiert d'Ekipp aus dem Süden dach zu denen stärksten am Land.
E Samsdeg de Mëtteg gouf dun de Match gespillt, op deen di ganz Ekipp an de läschten Deeg a Wochen gewaart huet.
Den Trainer Carlo Sauber haat et verstaan, seng Ekipp optimal opzestellen an ze motivéieren, a si sin ouni Komplexer vis-à-vis vun deem favoriséierten Géigner an de Match gaang.
Duerch zwee Diddelénger Goler an der éischter Halschent waren d'Jongen awer net vum Rouleau,mee si hun denen aus dem Minett de Bass gehaal an de Match méi a méi an d'Hand geholl. Eng ganz Rei Elteren waren beim Match derbai fir hir Bouwen unzefeieren.
Am Ufank vun der 2. Halschent huet de Joao mat engem Hiewer den Golkipp vum F91 bezwongen, an d'Freed an d'Hoffnung waren erem do, dësen Match nach ze dréien.
Well d'Ofwier vum F91 ëmmer méi an d'Schwammen komm ass, hun sech Geleegenheeten gebueden fir auszeglaichen, mee och e Laateschoss vum Alex konnt um Resultat naischt méi änneren.
De glécklëchen Gewënner war den F91, mee di Lënster Jongen si stolz an de Kapp héich vum Terrain komm, hun si dach mat Asaz, Kreativitéit a starken Wëllen de Match vun der Saison géint den haushéijhen Favorit bestëmmt.
Felicitatiounen gëllen dem Trainer Carlo Sauber a senger Ekipp fir di super Jugendarbecht an et gëtt gehofft, esou vill Spiller wéi méijlech an Zukunft an den ieweschten Ekippen vum Verain ze halen.